Kinderzauberer-Zauberer-Luxemburg

LetzebuergSie suchen einen Zauberer für einen Geburtstag in Luxemburg? Gerne verzaubere ich auch andere Feiern wie Hochzeit, Betriebsfest usw.  Lesen Sie bitte nachfolgend, was zufriedene Kunden aus Lëtzebuerg über meine Auftritte geschrieben haben.

Tel.: 0049 / 175 210 8574 – Mail: info@saarbra-kadabra.de

Referenz aus Clémency (Këntzeg):

„Moien leif Lieser,
mir hun onsem Meedchen eng Freed wollte maan fir seng 8 Joer zu feieren an hun ons geduet ons mol am Internet schau ze maan fir en Zauberer ze fannen fir deen Dag.
Sin dun op dem Zauberer Rainer Stürmer seng Sait komm an mech mol bessi informeiert per Telefong an dann per Mail. Muss soen dass ech direkt Vertrauen haat an deen Zauberer dun och bestallt hun.
Heen as vun Daitschland extra bis op Lëtzebuerg komm op Keintzig an war och virun der Zait schonn do. Huet dann ouni dass Kanner dat matkruuten seier alles opgeriischt. D’Kanner waaren vun senger
Zaubershow esou faszineiert an och mir als Elteren an Bomi/Bopi waren voll begeeschtert vum Zauberer. DZharina schwaetzt elo nach vum Zauberer an freet emmer nees ob den Zauberer nach eng Keier sai Gebuertsdag
verzaubert.
Also ech kann den Zauberer Saarbra-Kadabra op jidefall waider emfeelen und dei Elteren dei Kanner hun an Zauberei gaeren hun.

Referenz aus Berbourg anlässlich 40. Geburtstag :

„Eigentlech wollt ech fir mäin 40ten Gebuurtstag nach „auf die Schnelle“ een Zauberer fir t’Kanner organiseieren vu datt mer nieft dienen Erwuessenen och 20 Kanner zu Gaascht haaten. Den Häer Stürmer huet kuerzfristeg konnte kommen an huet mer een gemeschtenen Programm, vun 3-99, proposeiert. Fir t’eischt war ech bessen skeptesch – een Zauberer op MENGEM Gebuertstag; fir dei Erwuessen??? Nodeems ech et dun materlieft hun kann ech soën datt et eng gutt Entscheedung war an datt jiddereen verzaubert war; Kleng AN Grouss!
Hien mecht eng wierklech ennerhaalsam Show dei jidderengem gefällt.“

Referenz aus Beringen / Lëtzebuerg anlässlich 40. Geburtstag im Dez. 2024 :

„Hallo alleguer, Ech kann dem Rainer seng Zauber-Show nëmmen weiderempfehlen. Ech hun meng 40 Joer gefeiert an do waren och vill Kanner dobei déi donot vum Rainer ganz faszinéiert waren. Sein Programm war super un d’Kanner an och un d’Erwuessener ugepasst. Ech géif hen och nach emol buchen!“

Referenz aus Dudelange / Diddeleng:

„Villmols merci fir dei flott Zaubershow den Freidenowend. D’Iwerraschung war voll gelongen . Vu dass et dem Ramona sein 30.ten war an vill Kanner matgefeiert hun , hat Dir en zauberhaften Program fir Grouss an Kleng präsenteiert.
Mir hun all gestaunt an ganz ganz vill gelacht .
Kanner waren esou begeeschtert an den Zauberer as och elo nach Thema Nr 1 .
Och en decken Merci dass Dir den weiten Wee op Kautebaach Owes op Ierch geholl hut.
Mat ganz leiwen Greiss“

Referenz aus Elveng (bei Remich) anlässlich 7. Geburtstag Sept. 2023:

„Här Stürmer, Villmools Merci fir déi fantastesch Zaubershow op eisem Emma sengem 7. Gebuertsdag. Net nëmmen d’Kanner ware begeeschtert, mä och déi Erwuessen ware faszinéiert. Mir sinn nach ëmmer um Rätselen, wéi Dir wat gemaach hutt. Dir hutt d’Kanner super mat agebronnen a fir gutt Stëmmung gesuergt. Dee Gebuertsdag waert eis an zauberhafter Errënnerung bleiwen ! MERCI“

Referenz aus Elveng:

„Léiwen Herr Stürmer,
Merci fir den zauberhaften Optrëtt „Die Reise auf die Zauber-Insel“ um Gebuertsdag vun eisem Meedchen Noémie (7).
De Kanner an eis hut aer Show ganz gutt gefall an mir haten all vill Spaass.
Fir eist Meedchen war et en „zauberhaften“ Gebuertsdag den hatt nach laang an Erënnerung wäert behalen.
Mir wäerten iech bestëmmt weiderempfeelen.
Mat zauberhaften Gréiss“

Referenz aus Esch sur Alzette:

„Villmols Merci dass Dier menger Duechter en onvergiesslechen Daag verzaubert hutt,
leiw Greiss“

Referenz aus Ettelbrück / Ettelbréck:

„Mir haten de Rainer fir d’Gebuertsdagsfeier vun eisem Meedchen zu Ettelbréck engagéiert. An et war wierklech ee flotte Succès. De Rainer huet alles gutt virbereet an d’Kanner ware vu senger Show begeeschtert. Och dass d’Show op Däitsch war a net all d’Kanner (5 a 6 Joer) Däitsch konnten, war guer kee Problem. D’Zaubertricken hunn d’Kanner och sou verstan an de Rainer huet och ëmmer nees bëssen op Franséisch mat de Kanner geschwat. Et war e flotten Optrëtt – Merci Rainer!“

Referenz aus Fëlschdref (Filsdorf):

„Léiwen Zauberer,
mir haten ee ganz flotten Nomëtteg mat ärer Show.
D’Wieder war esou gutt, dass am Gaard op der Wiss konnt gezaubert ginn.
Di 20 Kanner an 20 Erwuessener vun 0 bis 85 Joer hu gutt gestaunt an och vill gelaacht bei ären Zaubertricken.
Di kleng séiss Iwwerraschung fir all Kand ass natiirlech och gutt ukomm an den Diplom huet jidderee mat heem geholl :o)
Ee grousse Merci nach eemol“

Referenz aus Goeblange (Luxemburg)

„Lieber Herr Stürmer,
danke für die gelungene Geburtstagsüberraschung für meine 8 jährige Tochter und ihre Gäste!
Die Kinder waren fasziniert, geradezu gebannt von der Show und hatten irre Spaß beim Mitmachen…
Der Nachmittag wird uns allen noch lange in Erinnerung bleiben.
Sie machen das wirklich erstklassig: persönlich, flexibel und mit ganz viel Humor und Liebe zu den Kindern!
Wir sehen uns bestimmt wieder!“

Referenz für Kautebaach:

„Villmols merci fir dei flott Zaubershow den Freidenowend. D’Iwerraschung war voll gelongen . Vu dass et dem Ramona sein 30.ten war an vill Kanner matgefeiert hun , hat Dir en zauberhaften Program fir Grouss an Kleng präsenteiert.
Mir hun all gestaunt an ganz ganz vill gelacht .
Kanner waren esou begeeschtert an den Zauberer as och elo nach Thema Nr 1 .
Och en decken Merci dass Dir den weiten Wee op Kautebaach Owes op Ierch geholl hut.
Mat ganz leiwen Greiss“

Referenz für Mamer:

„Eist Meedchen war ganz begeeschtert an huet deeglang dovunner geschwat, wat jo e gudd Zeechen ass :-). Flott dass och all Kand an d’show abezunn gin as an jidfereen eng Zauber-Urkunde krut!“

Referenz aus Schouweiler:

„Léiwen Här Zauberer,
Mir haaten iech gefrot fir eng Zaubershow fir onsem Meedchen sain 8. Gebuertsdag am September 2012.
Wien kann dësen Nomëtten am Beschten beschreiwen ewei d’Kanner selwer: mega cool. Vun den Elteren hun mir den Dag duerno gesot kritt, dass d’Kanner nach ni esou vill vun enger Gebuertsdagsparty erzielt hun.
Mir als Elteren hun d’Animatioun super fond. Immens pédagogesch, kee Moment Langweil … Bravo !!!
Sabracadabra ass nemmen ze empfehlen… E grousse Merci un iech, Här Stürmer, fir ären Professionalismus, Gedold an virun allem dei Super Show !! Mir recommandeieren un all dei, dei en onvergieslechen Dag hieren Kanner wellen bidden..
D’Kanner soen: Un peu comme-ci, un peu comme-ça et oula la…Des Wieder bleiwen fir emmer an eiweg an hieren Härzer a mir als Elteren sien: merci, merci, merci..
Mir hun iech weiderrecommandeiert an hoffen iech geschwenn zu Schouweiler erem ze gesin….
Nach emol e grousse Merci fir alles…
Mat beschte Gréiss“

Referenz aus Schwebsange:

„Mir wellen em Rainer villmools merci soen, fir deen gelongenen an flotten Optrett op eiser Fuesparty.
De Kanner hier Aen waaren grouss, sie waaren begeeschtert an iwwerzeegt, dass et richteg Zauberei as.
Och mir als Elteren haaten eise Spaass, besonnesch iwwert em Rainer sain eenzegaartegen Humor.
Main Bouf well nächst Joer erem en des Zaubershow hun!“

Referenz aus Steinsel:

„Wir reden noch sehr oft über Laura’s sehr gelungenes Geburtstagsfest und wollten uns nochmal sehr herzlich bedanken und schicken gerne die paar Zeilen Referenz…..
Mir haten den Här Stürmer fir den 10. Gebuertsdag vun eisem Jéngsten engagéiert an hunn en zauberhaft schéinen Nomëtteg verbruecht. Mat enger un den Alter vun de Kanner ugepasster Show huet den Zauberkënschtler net nëmmen déi jonk Gäscht, mee och eis Elteren begeeschtert. Net nëmmen d’Zaubertricken, mee och d’Mënschlechkeet an de Kontakt mat de Kanner hunn eis total iwwerzeegt.  Mir kënnen den Här Stürmer nëmmen recommandéieren.“ 

Referenz aus Uewerkuer / Oberkorn:

„Un peu comme çi, un peu comme ça, et voilà …
Lieber Rainer Stürmer, vielen Dank für die Verzauberung aller Generationen zu unserem Sommerfest.
Villmols Merci. „

Referenz aus Wasserbëlleg:

„Moien,
Dem Murielle an sengen klengen Frenn huet äer Zauberstonn super gefall!
Dier kent ganz gudd mat den klengen Kanner emgoen!
Sie waren alleguer gaanz fazineiert. Villmols Merci fir dei schéin Stonn .
Leiw Greiss aus Wasserbëlleg“

Referenz aus Welfrange:

„Léiwen Häer Stürmer,
Mir wollten Iech heimatt nach eng Kéier villmools Merci soen fir déi flott Zaubershow um Tammy sengem 6. Gebuertsdaag. Dir hudd souwuel d’Kanner wéi och ons Erwuessen mat Äerer Show regelrecht verzaubert an mir hun ons prächteg ameséiert an och gudd gelaach. D’Kanner hun nach den Daag drop vun Äeren Tricken geschwärmt. Et wor een onvergiesslechen Gebuertsdaag. Et kann een Iech nëmmen weider empfehlen. Fam. Georges aus Lëtzebuerg
Verzauberte Grüsse aus Luxemburg“

 

Referenz aus Welfrange:

„Léiwen Häer Stürmer,
Alt erem wousst Dir et d’Kanner an d’Elteren fir em Tammy sein 7. Gebuertsdaag ze verzauberen. D’Kanner konnten erem mat zauberen waat nach laang an hieren Erënnerungen wäert bleiwen. Alleguer hun ee super Nomëtteg verbruecht. :o)
Schéi Gréiss aus Welfreng“

Referenz aus Weiler-La-Tour:

„Leif Lieser,
Mir haten den Här Stürmer fir eiser Duechter hieren siwenten Gebuertsdag engagéiert. Den Här Stürmer war vum eischten Telefonsgespréich bis zu senger Show super professionell, extrem reaktiv and immens fäin. Net nemmen d’Kanner, mais och déi Erwuessen waren
vun der Show faszinéiert an begeeschtert. Et war einfach en Plaiséier fir nozekucken, wei den Här Stürmer mat den Kanner interagéiert huet. Mir kennen den Här Stürmer nemmen wärmstens empfeelen and wärten ouni Zweifel bei der nächst beschter Geleeënheet nées op hien zréckgraifen.“

Referenz aus Wooltz:

„Un peu comme ci, un peu comme ca… et ulala.
En Zaubersproch deen den Kanner, an dem Personal am Kapp bliwwen ass.

Den Rainer, en ganz häerzlechen Mann, deen säin Zauberhandwierk versteet, an et hin kritt huet 300 Kanner fir eng Stonn an eng magesch Welt ze entféieren. Hien huet Magie zu Wooltz an der Schoul opliewen gelooss, Begeeschterung an Staunen war grouss. An haut no enger Woch leit nach ëmmer eng Grëtz Magie an eisen Häerzer.

En groussen Merci un dech Rainer.
Villa Mirabella.“

 

Referenz aus Mondorf-les-Bains (Luxembourg):

“Lieber Herr Stürmer,
wir, die Schüler und Lehrer der Primärschule aus Bad Mondorf möchten uns ganz herzlich für den zauberhaften Auftritt an unserem Schulfest bedanken!
Wir hatten so trotz des Regens sehr viel Spaß und kamen aus dem Staunen nicht mehr heraus!
Viele Grüße aus Luxemburg,  Lehrerin, Complexe scolaire Grande-Duchesse Maria-Theresa“

Für weitere Referenzen klicken Sie bitte ->hier

Wenn auch Sie einen besonderen Anlasse haben, der verzaubert werden soll, freue ich mich, wenn Sie mit mir Kontakt aufnehmen; per Anruf oder Mail, wie Sie möchten.

Ich ermittele Ihnen auf Grund Ihrer Angaben Ihren individuellen Preis, da sich dieser nach Art, Dauer und Ort des Auftritts richtet.